Ons Zentren sinn speziell ageriicht fir eng optimal medezinesch Behandlung duerch ons kompetent an qualifizéiert Infirmièren ze garantéieren.
Medezinesch Déngschtleeschtungen
Behandelen vun Wonnen
- Postoperativ Wonnen, posttraumatesch Wonnen; (Accident, no engem Stuerz, asw…)
- Chronesch Wonnen, infizéiert Wonnen
- Verbrënnungen
- Drockwonnen, venöse an/oder arterial Schwieren
Fiedem oder Klameren eraushuelen
Verbänn
- Uleeën an erneieren vun Verbänn
- Kompressiounsverbänn uleeën
- Verbänn mat Drainagen (Mullverband, Saugdrainagen,a.s.w…)
- Behandlung vun Wonnen bei Implantater (port-a-cath)
Vitalfunktiounen moossen an kontrolléieren
Baxteren
- Uleeën, wiesselen oder eraushuelen
Sprëtzen
- subkutan
- intrakutan
- intramuskulär
- intravenös
Fleeg vum Ootmungsapparat
- Inhalatiounstherapie
- Expektoratioun
Fleeg vum Verdauungsapparat & Harnapparat:
- Fleeg vun Blosenkatheteren
- Fleeg vun Mo-Sonden
- Fleeg vun verschidden Stomata (Urostoma, Colostoma, Ileostoma asw.)
Komplett Diabetes-Therapie (Bluttzockerwäert moossen, Sprëtzen maachen wann erfuerderlech, nëtzlech Rotschléi zu Hygiènesregelen, Fleeg vum Diabetes-Fouss, …)
Préparatioun et Administratioun vun Médikamenter
Prelevementer an Analysen
- Bluttanalysen
- Ofstrécher
- Urinanalyse
- Prelevementer fir mikrobiologesch Analysen