Aides Socio-Familiales (f/m)
(onbefristeten Kontrakt, 20 – 30 Stonnen/Woch, Schichtdëngscht)
Am Kader vun Ärer Funktioun sidd Dir zoustänneg fir d’Durchféierung vun enger professioneller Betreiung a Begleedung vun eise Patienten ‚à domicile‘.
Dir bréngt matt:
- e Certificat d’aptitude fir als Aide Socio-Familiale (m/w) zu Lëtzebuerg ze schaffen
- Beruffserfahrung am Beräich Soins à domicile ass vu Virdeel
- eng empathesch Approche vis-à-vis vum Patient a senger Famill
- Teamgeescht an Hëllefsbereetschaft
- Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet an eng héich Eegeverantwortung
- ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen an Däitschen a Kenntnisser am Franséischen
- de Führerschäin Klass B an en eegenen Auto
|
Wat bidde mir:
- e frëndlechen, oppenen a valorisanten Ëmgang mateneen
- eenheetlech a kloer Strukturen, Standarden a Qualitéits-Virgaben
- Participatioun un der Kultur vun der Entreprise
- perséinlech Entwécklung an engem stänneg wuessenden
internationalen Team
- eng adequat Anaarbechtung an den Aarbechtsberäich
- regelméisseg Fortbildungen
- en onbefristeten Kontrakt
mat enger Remuneratioun no Kollektivvertrag – CCT SAS
|
Sidd Dir op der Sich no enger neier Erausfuerderung? Dann zéckt net eis är Kandidatur mat ärem Dossier un déi genannten Adress ze schécken, gären och per E-Mail:
GESONDHEETS-SERVICE LËTZEBUERG
Service Ressources Humaines
12, rue Hiehl
L-6131 Junglinster
e-mail: rh@gesond.lu