GESOND.lu ënnerstëtzt d‘Associatioun Don de Moelle Luxembourg
Den den gären Spender wëll ginn, kann an all onsen 39 Zentren eng Bluttanalys maachen an sech an di weltwäit Datebank vun den Stammzellespender androen loossen.
Wéi geet dat?
An onsen Zentrum huelen mir een Tüb Blutt of an zesummen mat engem Questionnaire schécken mir alles un d”Stefan Morsch Stëftung” (Däitschland), wo dir als Spender an in di Datebank vum „Luxembourg Marrow Donor Program“ (LMDP) agedroen gitt.
Wat sinn Bedéngungen fir en Stammzellespender ze ginn?
➢ ënner 40 Joer al sinn, mee wann Dir enregistréiert sidd kënnt Dir bis zum Alter vun 60 Joer nach en Don de Moelle maachen.
➢ 2 Schwangerschaften max. (à terme oder Feelgebuerten)
➢ méi ewéi 50 kg weien
➢ bei gudder Gesondheet sinn
➢ zoustëmmen, e Gesondheets-questionnaire auszefëllen
➢ eng Bluttanalys maachen
Wann e Patient en Don de Moelle brauch, wenden sich Dokteren un d‘Morsch Stëftung fir e potenziellen Spender zu fannen. De Spender gëtt dann kontaktéiert fir weider Analysen ze maachen.
